Léif Primaner-innen,
Léif Schüler-innen,
Léif aner Leit,

No méi oder manner wi siwen Joër am Kolléisch hun och mir et endlech bis op Première gepackt.
Ëch muss zougin et war eng schéin Zait, wou mer vill zesummen erliewt hun; zesummen léiren, zesummen feiren, zesummen faulen... Mir sin zesummen duerch eis Lycees-Zait gaang an ëlo, wa mer eis Première packen, trennen sech eis Weeer rëm. Trotzdem wärte mer méi oder manner schéin Erennerungen mat eis droën. Ënnert anrem kënnt der u vill schéin Momenter vun eiser Première zreck denken wann der dëst Yearbook an e puer Joër nach eng Kéier waert kucken.
Ëch giff soen fir vill Leit war dest Joer dat ustrengenst wat d’Léiren ugeet, mee all frai Minutt konnte mer dofir ëmsou méi genéissen.
Ëch wollt all deenen Leit Merci soen, déi zou eis stungen: eisen Eltren, Kolleegen an Matschüler, di eis an kriteschen Situatiounen aushaalen missten awer och eis Fraizait verbessert hun, wu mer eis bessen konnten erhuelen. Dëse Merci gëllt och eisen Proffen, déi probéiren eis hier Matière su gudd wi méiglech verständlech ze man.

Am Numm vum Premièrecomité och en Merci un eis Direktioun an allen aneren Leit, déi eis baigestaanen hun eis Ideeën ze réaliséiren, wéi zB. de Kleeschen oder d‘Party-Owender .
Main perséinleschen Dank och un de Comité selwer fir eis Zesummenarbëcht an deenen méi oder manner chaotësche Momenter.

Ech wënschen iech all nach weiderhin vill Courage fir aer Première duerchzestoen, vill Gleck am Examen an dass der och nach spéider aer Zieler an Dreem realiséiren kennt.

Maacht et gudd,

Claudine Feiereisen