Léif Primaner, Endlech hu mer ët gepackt! (Hoffentlech ;-) ) Mir haten eng ganz flott Zäit zesummen, och wa verschiddener réicht méi oder manner spéit an de Kolléisch komm sinn, oder di eng oder aner Eiereronn gedréint hunn. Natierlech war dëst Joer dat ustrengendst bis elo, mee niewt dem Léire war och nach e bësse Fräizäit iwwreg, déi mir selbstverständlech optimal ausgenotzt hunn. ;-) |
![]() |
| Mir hu vill zesummen ënnerholl, sief et beim Kleeschen, op sëllege Fräibéieren, de Muko- an Atelier-partyen, dem Avant-Premièresfest an um Premièresfest selwer. Ech wëll dës Plaatz och notzen, fir all deenen en grousse Merci auszespriechen, déi mir gehollef hunn, dat alles z’organiséiren, an déi eng Hand mat ugepaakt hunn, virun allem alle Membre vum Premièrescomité, well ouni si wier villes anescht gelaf. Mir hunn eis ëmmer gutt ameséiert a vill gefeiert an do sinn natierlech vill onvergiesslech Momenter entstanen, vun deenen Dir der vill an dësem Yearbook wäert erëmfannen. Dir wäert sécherlech an e puer Joer frou sinn, dëst Yearbook ze hunn an Iech rem kënnen un all déi Szenen z’erënneren, déi dir op Ärer Première erliewt hutt. Ech ginn Iech all meng beschte Wënsch mat op Ären Wee an ech hoffen, dass Dir op der Uni oder bei deem, wat Dir soss elo am Hierscht ufänkt, vill Freed hutt an all kommend Erausfuerderungen mat Bravour meeschtert. An dësem Sënn, mat mengen allerbëschte Gréiss un Iech all, Luc
Gaasch
|
|
En 1999, le projet « yearbook » a été lancé. La version actuelle présente les élèves
des classes de terminale ainsi que les moments forts et inoubliables de
cette dernière année scolaire passée à l'Athénée |
![]() |
| J'estime que cette édition constituera
un précieux aide-mémoire pour nous remémorer, non
seulement l'année du bac mais aussi, toute notre scolarité
passée à l'Athénée. Chères lectrices, chers lecteurs, je vous souhaite un plein épanouissement, aussi
bien dans votre vie professionnelle que privée. Céline
Tessore |
|





