Eischt Wuert vun eiser Presidentin
Presidentin vum Premièrescomité
|
Léif Primaner, léif Proffen,
Wéi och schon eng jett Leit virun eis, hu mir et dëst Joer och (endlech!!) bis op Première gepackt an stinn elo méi oder manner op der Schwell fir op déi grouss Welt lassgelooss ze ginn. Wann ech lo op meng lescht 7 Joer zeréck blécken, muss ech mer (trotz allem) agestoen, datt et eng flott Zäit war, mat villen Héichten an Déiften, an deem ech immens vill Erfahrunge sammele konnt a vill geléiert hunn. Haaptsächlech dëst lescht Joer ass a senger Intensitéit net mat deene virdrun ze vergläichen: nach ni war d’schlecht Gewësse sou staark, d’Zäit iwwer de Bicher sou laang, d’Partye sou ausgelooss. Nach ni hu mir ënnert sou grousse Motivatiounsschwankunge gelidden: vu verbassenem Streben bis hinn zum frustréierte Faulenzen war alles dobäi. Bei deenen engen méi bei deenen aneren manner: alles an allem eent vun deenen opreegenste Joer dat ech bis elo hat. Op dëser Plaatz wëll ech dann och jidderengem Merci soen, dee mech an och déi aner Primaner dëst (an déi lescht Joer) begleet huet: notamment déi zahlreich Proffen a Nohëllefen déi eis eis Matière méi oder manner verständlech gemat hunn.
Da wëll ech nach am Numm vum Premièrescomité deene Leit Merci soen, déi hier Zäit (a Nerven) doranner investéiert hunn, eis ze hëllefen eis Fester z'organiséieren!! A schlussendlech an mengem Numm och mengem Comité, ouni deen dat alles och net gaange wier!
Sou, an éier ech lo an onendlech Remerciements-Oplschtunge verfaalen, wëll ech da nach eng leschte Kéier eise léiwen Här Direkter zitéieren: „Rappt iech um Rimm“, fir datt mir dës Schoul um Enn vum Joer mat him verloosse kennen!
Iech all vill Gléck, vill Motivatioun an datt dir är Ziler all erreecht!
Mat all mengem Respekt Frantz Cathy |




